Presentatioun

Den aktuelle Betrieb Nicolay as aus den zwee Betrieber “A Sonndes” an “An Hengen” entstaan. Haut get de Betrieb vun dem Marc Nicolay gefouert. Et as ee richtege Familjebetrieb, an deemno paakt och jidfereen eng Hand matt un, an daat iwer 3 Generatiounen. Doniewent si mir frou, virun allem an der Saison emmer erem op Kollegen aus dem Duerf a vu méi wait zielen ze kënnen. De Betrieb Nicolay war ee klassesche Mellechbetrieb matt Ackerbau, no dem Marc séngem Schoulafschloss koumen Mutterkéi dobai, a viru 15 Joer huet de Marc déi éischt Gromperen gesaat. Virun 10 Joer huet d’Nadine an de Gérard ugefaang Ennen ze séinen, dono koumen nach Schalloten a Knueweleck dobai.

 

Eigentlech huet Fengig relativ schwéiere Buedem fir all des Produktiounen. Et brauch een dowéinst oft vill Gedold a Fangerspetzegefill. Dofir zillt een dann awer och Produkter vun héiger Qualitéit matt vill Geschmach.

 

All Daag versiche mir eng nohalteg an emweltfrendlech Produktioun emzesetzen. Daat fänkt un bei enger optimaler Fruchtfolg, enger gezielter Düngung a gespretzt gett nemmen wann néideg. Duerch d’Wiel vun deene richtegen Zorten, an enger optimaler Lagerung brénge mir et faerdeg, Iech d’ganzt Joer

eng Top-Wuer unzebidden.

 

Kommt laanscht, an iwerzeegt Iech selwer…