Aaner Produkter vum Haff

Eer

Mir verstin eis Eer als Ergänzung zu de Gromperen an Ennen. Doduerch get eist Sortiment fir Iech méi breed an interessant. Eis Hinger gin um Buedem gehaal, si kennen erauslaafen an d’Eer gi regelméisseg fresch matt der Hand opgeraaf.

Äpel, Viiz, Hunneg, Branntwain

Des Produkter kommen net vun eisem eegenen Haff, fir eis Offer fir Iech awer méi interessant ze machen, bidde mir Iech des Produkter vun aneren Bauerekollegen un, déi no enger ähnlecher Philosophie schaffen, wéi mir selwer.

  • Äpel a Viiz, vun dem Betrieb Hoffmann vu Lampech (www.pretemerhaff.lu)
  • Hunneg vun dem Betrieb Turmes vu Luerentzweiler
  • Branntwain vun dem Betrieb Conter vu Sëll